Nei Wéer fir d’Mobilitéit an der Stad

D’Stater Sozialisten sinn iwwerzeegt dass eng gutt duerchduechten Mobilitéits-Strategie d’Liewensqualitéit an der Stad verbessert. An hirer Motioun, déi den 25.5.2020 am Gemengerot präsentéiert ginn ass, fuerderen si ënnert Aneren:
– en spezialiséierten Service deen all d’Froen vun der mobilité douce ugeet;
– d’Signalisatioun un den Kräizungen verbesseren, sou dass d’Foussgänger an d’Vëlosfuerer prioritär sinn;
– eng Reglementatioun aféieren fir d’Trottinetten op der Strooss oder op den Trottoiren;
– eng “Charta fir d’Foussgänger” aféieren fir hier Sécherheet ze garantéieren, grad wann d’Trottoiren vun Chantier-Material besat gi.